-
Mai 20 2020 07.05.2020 – Deelweis Reprise vum C.A.E.G. Training ab dem 25. Mee 2020 um Stadion ‚Op Flohr‘
Léif Member(inn)en vum C.A.E.G.,
Déi 2. Phase vum Déconfinement fänkt och beim C.A.E.G. un. D’Reprise vun den Traininger kann DEELWEIS ab dem 25.05.2020 um Stadion ‘Op Flohr‘ zu Gréiwemaacher rem stattfannen.
Den C.A.E.G. informéiert déi concernéiert Athlet(inn)en via E-Mail iwwert d’Auerzäiten, d‘Sëcherheetsmesuren & den generellen Oflaf vum Training.
De Consignen vun der Regierung gëllt et natierlech och während […]
-
Mai 07 2020 07.05.2020 – Reprise vun verschiddenen Outdoor-Sportsaktivitéiten ab dem 11. Mee 2020
Léif Member(inn)en vum C.A.E.G.,
Wéi déi meescht Athletinnen & Athleten schon matkritt hunn, huet d’Regierung Ugangs der Woch confirméiert, dass ab dem 11. Mee nees verschidden sportlech Outdoor-Aktivitéiten dierfen bedriwwen ginn. Mir als C.A.E.G. freen eis natierlech iwwert dës méiglech Reprise & waarden elo op Instructiounen vum Sportsministère an vun den Fédératiounen F.L.A. & F.L.TRI., fir […]